D’Agence Générale Fränz KILL – LALUX hëlleft Iech, Är Assurancen zesummenzeschléissen!

Während engem Schued kann een d’Qualitéit vu senger Versécherung am beschten bewerten. Allerdéngs kënnt Dir Iech schon elo virbereeden, andeems Dir op déi folgend 4 Critèren gutt oppasst wann Dir Äre Versécherungsagent wielt:

  • Assuréiert Iech vun der Berodungsqualitéit déi Ären Agent an der Analyse vun Äre Bedierfnisser mat abréngt
  • Assuréiert Iech vun der finanzieller Soliditéit vun der Versécherungsgeesellschaft souwéi vu senger Entschiedegungspolitik
  • Assuréiert Iech vun der Flexibilitéit vun Ärem Versécherungkontrakt an iwwert seng Upassungsméiglechkeeten un Är familiär oder patrimoniell Situatioun
  • Assuréiert Iech während Ären Ënnerhalungen vum Reaktiounsverméigen vun Ärem Agent a vun der gudder Gestioun vun Ärem Dossier

D’Agence Générale Fränz Kill ass op Ärer Säit

Mir sin eng haaptberuflech Versécherungsagence vun der LALUX, an säit méi wéi 10 Joer a Lëtzebuerg aktiv. Mat eis profitéiert Dir vun de Virdeeler vun enger zolidder Versécherungsgesellschaft, während Dir och vun de Servicer vun enger haaptberuflechen Agence profitéiert, déi senger Clientèle ganz no ass: personnaliséiert Begleedung, regelméißege Suivi, professionnell Berodungen, asw.

De Fränz Kill steet Iech mat Begeechterung zur Verfügung

„Als professionnellen Agent ass et meng Misisoun, meng Clientèle sou gutt wéi méiglech ze beroden. Ech schätzen haaptsächlech de Kontakt mat de Leit an den Austosch vun Ideen mat mengen Clienten. Dofir kommen ech och perséinlech bei Iech, fir Är Bedierfnisser sou gutt wéi méiglech ze evaluéieren. Meng Erfahrung a meng Verfügbarkeet sinn mäin Haapttromp.

“ Ären Agent, den säit méi wéi 20 Joer am Beräich vun de Finanzen a vun den Assurancen täteg ass, huet e Master an Sciences Économiques, een Master  an Gestion Fiscale, an een am Droit des Assurances. Hien ass véiersproocheg (franséisch, englesch, lëtzebuergesch an däitsch) an deelt leidenschaftlech gäer seng Erfahrung zu Gonschten vu senger Clientèle. D’Transparenz ass een vu sengen Haaptwerter, an hien hëlt sech dofir Zäit, d’Détailer vu sengen Versécherungskontrakter genau ze erklären, fir dass seng zukünfteg Versécherter och perfekt iwwert alles informéiert sinn. Hien kombinéiert Begeechterung an Professionalitéit a bleiwt an engems senger Clientèle no.

Dei zousätzlech Servicer vun der Agence Générale F. Kill

D’Servicer vun eiser Agence halen och do nach net op! Mir proposéieren eiser Clientèle eng ganz grouss Auswiel un Servicer:immobiliär Transaktiounen, Bauspueren, fiskal Rotschléi, Lirwensversécherung, Pensiounsversécherungen, Rentes Etudes, Kreditversécherungen, asw.

Loscht Äre Versécherungsbudget ze optimiséieren? Frot en Devis un!

cta-qui-sommes-nous

  • Expertise
  • Réaktiounsverméigen
  • Véiersproocheg (FR, EN, LU, DE)
  • Leidenschaftlech

Ech froen e RDV


Temoignagen

cta-avantages Merci fir Är kompetitiv Offer, an dass Dir meng Versécherung fir kierperlech Accidenter an de Package integréiert hutt. Luca E. (Differdange) Gidd Är Bewertung oof