FAQ

Kann ech en Devis bei iCHANGE.lu ufroen fir nëmmen meng Autosassurance oder den Kontrakt fir meng Wunneng ze changéieren?

JO, Dir kënnt eng Versécherung fir een eenzegt Element ofschléissen; den Versécherungspackage ass net obligatoresch. Hien bréngt Iech allerdéngs vill finanziell an organisatoresch Virdeeler an.

Verpflichten ech mech zu irgendeppes, wann ech de Formulaire ausfëllen?

NEEN, eisen Devis ass gratis an net bannend. Är Daten gi sécher iwwerdroen an just dofir benotzt, fir Ären personnaliséierten Devis auszerechnen, den mir Iech ënnerhallef vun 48h iwwert Email zoukomme loossen.

Verléieren ech d’Virdeeler vu mengem/mengen aneren
Versécherungskontrakt(er), wann ech mech fir den Versécherungspackage vun iCHANGE.lu entscheeden?

NEEN, déi legal (Bonus-Malus) oder kommerziell Virdeeler (speziell Tariffer) gi vun iCHANGE.lu agerechent wann Dir Ären Kontrakt ofschléisst.

Kann ech och mengen Kanner oder mengem Partner hir
Versécherungskontrakter an mäin Package integréieren?

JO, Dir kënnt all Persounen, déi Deel vun ärem Stot sinn, an Ären Kontrakt integréieren, an esou vun de cumuléierten Virdeeler profitéieren, déi den Zesummeschloss vun den Assurancen mat sech bréngt.

Wéi léisen ech d’Kontrakter bei mengen verschiddenen Verséchereren op?

Dir musst guer naischt man! Mir këmmeren eis em all di administrativ Schrëtt, a wann Är Kontraker oflafen, transféréiren mir se op LALUX.

Wat geschitt am Fall vun engem Schued?

Mir réagéiren schnell an garantéieren Iech e Bäistand vun 24h/24h. Eng zougeuerdnet Persoun guidéiert Iech bei Äre Schrëtt. Dir profitéiert dovun, dass agrééiert Experten an Onofhängeger vun Lalux Äre Schued auswerten. An dann loossen mir Iech den Techniker fräi auswielen.

Wéi entwéckelt sech d’Prime falls ech mäin Auto verkafen?

Et steet Iech frai, Äre Versécherungspackage zu all Moment Ärer familiärer an/oder patrimonieller Situatioun unzepassen. Duerch eng einfach Demande vun Iech këmmeren mir eis drëm, en Element bäizefügen oder vun Ärem Kontrakt ewechzehuelen. Ëmsetzung

Wéieng Assurancen kënnen Deel vu mengem Package sinn?

De gréissten Deel vun Ären Assurancen kann an Ären „easy-PROTECT“ Package vun LALUX abegraff ginn, zum Beispill:

  • Är Gefierer: Autoen, Motoen, Scooteren, Quads, Oldtimer (-50%), saisonal Gefierer (-40%), Roulotten, asw.
  • Är Immobiliengüter: Haaptwunneng, Residenz, Appartement,
    Weekendshaus, immobiliär Investitiounen, asw.
  • Är Familjenhaftpflicht: Assurance, déi d’Famill, d’Déieren, de Geriichtsschotz, Är Rechter, versehentlech Pollutioun, asw. verséchert
  • Är Reesen: Annulatioun, versehentleche Verloscht vun Äre perséinlechen Effekter op der ganzer Welt,
  • Kierperlech Accidenter: Privat a beruflecht Liewen, Sport, Kanner, asw.


Dir hutt nach eng Fro zu eisem Versécherungspackage? Kontaktéiert eis!

cta-faq

  • Transparenzvum Package
  • Kloerheet vun de Garantien
  • Flexibilitéit vum Kontrakt
  • Didaktesch Approche

Ech probéieren et!


Temoignagen

cta-avantages Merci fir den transparenten a flexiblen Kontrakt zu engem ganz kompetitiven Präiss, et ass schlussendlech alles ganz einfach…….
Tessy F. (Rodange)

Gidd Är Bewertung oof