D’Virdeeler vum LALUX Versécherungspackage

Wielt „easy-PROTECT“, eng All-in-one Versécherung vun LALUX. Esou setzt Dir Är Versécherungsprimen erof, a kënnt Ären Versécherungspackage ganz einfach un Är familiär Situatioun upassen.

D’Virdeeler vum Zesummeschloss vun Ären Assurancen

Schléisst Är Autosversécherung mat der Assurance vun Äre Wunnengen, Ärer Onfallversécherung oder Ären Tous-risques Versécherungen zesummen (Fräizäitaktivitéiten, Bijouen, Konschtsammlungen, Fotosapparat, Sportsmaterial, asw.) an hutt esou Zougank op eng Transparenz, déi bis elo oniwwertraff bleiwt. Fügt Är jäerlech Reesversécherung an eng Haftpflicht fir all Persoun an Ärem Stot bäi. Wielt Facilitéit an Einfachheet, andeems Dir Ären personnaliséierten Versécherungspackage kreéiert, den un Är Bedierfnisser ugepasst ass.

Dei finanziell Virdeeler vum Versécherungszesummeschloss

Optimiséiert Är Versécherungsprimen, andeems Dir Är Assurancen zesummeschléisst. Mam „easy-Protect“ Pack vun LALUX profitéiert Dir am éischte Joer vun engem Wëllkommensrabatt vun 10%. Fir all Zesummeschloss kritt Dir eng Reduktioun vu 50€ pro Joer a pro Element (Wunneng, Auto) vun Ärem Versécherungspackage. Profitéiert ouni zousätzlech Käschten vun der Mensualiséirung vun ären Primen. Mat esou engem mensualiséierte Versécherungsbudget kënnt Dir all béis Iwwerraschungen vermeiden. Dank dem „easy-PROTECT“ Versécherungsschutz erhéijt sech außerdem Är Kaskoversécherungsprime net no engem Schued ouni Awierken vun enger drëtter Persoun. Dem Alter vun Ärem Gefier entspriechend profitéiert Dir och vun enger Reduktioun vun der Kaskoprime.

D’Garantien vum „easy-Protect“ Versécherungspackage

Mam easy-PROTECT Versécherungszesummeschloss vun LALUX sidd Dir net an engem festen Kontrakt ageschloss. Et ass Iech méiglech, Äre Versécherungspackage Ärer familiärer oder patrimonieller Situatioun unzepassen. Esou kënnt Dir äre Versécherungsschutz flexibel upassen, Elementer bäifügen oder ewechhuelen. Mat LALUX hutt Dir d’Grarantie vun engem Qualitéitsservice, well Dir vun engem Leader vum lëtzebuergeschen Versécherungsmaart verséchert gitt.

Profitéiert vun eise Virdeeler & frot en Devis un!

cta-avantages

  • Optimiséiert Versécherungsprimen
  • -10% Wëllkommensrabatt
  • 50€ Reduktioun pro Auto/Wunneng
  • Mensualiséierung ouni Käschten

Ech optimiséieren meng Primen


Temoignagen

cta-avantages 1 Haus, 3 Autoen, 1 Moto an en Ënnerscheed vu 720 Euro am jährlechen Budget, an dat ënnerhallew vun 2 Deeg an a just e puer Klicks. Net schlecht 😉 Manu K. (Luxembourg-Ville) Gidd Är Bewertung oof