Ëmsetzung vum Zesummeschloss vun Ären Assurancen

Äre Versécherungspackage ass evolutionär a ganz einfach anzeriichten. Schléisst Är Assurancen zesummen, fir vun all de Virdeeler ze profitéieren, déi eisen eenzegartege Versécherungskontrakt mat sech bréngt.

Wéi schléisst een seng Assurancen zesummen?

Dir hutt keng Zäit, an déi administrativ Aufgaben langweilen Iech? Mir hunn d’Léisung! iCHANGE.lu proposéiert Iech, direkt zur Saach ze kommen: Mir froen Iech nëmmen no denen Informatiounen, déi fir d’Opstellen vun Ärem Devis onentbehrlech sinn. Hei sinn déi 3 Etappen:

  1. Dir fëllt den Questionnaire online aus.
  2. Mir engagéieren eis, Iech Ären Devis ënnerhallef vun 48h ze iwwerliwweren.
  3. Einfach doduerch dass Dir en Rendez-vous frot, bidden mir Iech en perséinlechen Bäistand un, fir Iech ze beroden an eis Offer vum Versécherungszesummeschloss ze beaarbechten

Dir hutt Angscht de Versécherer ze wiesslen? Et découragéiert Iech, Äre Kontrakt opzeléisen? iCHANGE.lu këmmert sech gratis em déi administrativ Schrëtt. Wann Är verschidden Versécherungskontrakter oflafen, léisen mir se op an fügen se no an no Ärem Package bäi.

Entwécklung vun Ärem Versécherungspackage

Äre Versécherungspackage erlaabt Iech, ganz einfach Ärem Kontrakt Elementer bäizefügen oder ewechzehuelen, ganz Ärer familiärer an/oder patrimonieller Situatioun entspriechend. Ënnen fannt Dir e Beispill vun der Entwécklung vun enger Famill hierem Versécherungspackage

Zéckt net méi & fëllt eisen Formulaire aus!

cta-en-pratique

  • Einfach Sammlung vun Informatiounen
  • Geséchert Behandlung
  • Schnellen Devis
  • Personnaliséiert Rotschléi

Ech probéieren et!


Temoignagen

cta-avantages Keng Gebühren, e Bäistand vun 24 op 24 Stonnen, fräie Choix vum Technicker, an dat alles zu engem virdeelhaften “Package”-Tariff.E Choix,den een net bedauert. Mike W. (Grevenmacher)
Gidd Är Bewertung oof